
Den alljäerlechen Kafrausch a China ass op engem neien Héichpunkt ukomm. Zum Optakt vun der weltwäit gréisster Juegd no gudden Affären am Online-Handel huet de chineseschen Amazon-Konkurrent Alibaba en neien Rekord erziilt. An enger Stonn, nom Lancement vum “Singles Day”, sinn ëmgerechent 12 Milliarden Dollar erakomm.
Iwwer 200.000 Marken hu beim Online-Event matgemaach an d’Zuel vun de Cliente wäert mat ronn 500 Milliounen wuel ëm ronn 100 Millioune méi héich leien, wéi am November d’lescht Joer.
2018 hat Alibaba bei hirer Aktioun bannent 24 Stonnen am Ganzen 30 Milliarden Dollar ëmgesat. Dat war do schonn e Plus vu 27% zu 2017.
Deen Dag geet aus dem Jonggesellendag ervir, deen zanter den 90er Joren u chineseschen Universitéiten zelebréiert gëtt. Den Datum 11.11 ass mëttlerweil fir all Single am Land e Begrëff. A well virun allem jonk Leit deen Dag ganz gäre feieren, ass den Handel och op dës Zilgrupp opmierksam ginn. 2009 huet den Online-Händler Alibaba domat ugefaangen, aus deem Dag en Akafs-Festival ze maachen. Spéitstens zanter dem 11. November 2011, engem Datum mat sechs Eenten, ass et och de Synonym fir déi gréissten Affäre-Schluecht vum Joer.
Vill Keefer waarde just op deen Dag
Fir d’Konjunktur vu China huet de “Singles Day” eng grouss Bedeitung. Den Ament wiisst d’Ekonomie nämlech sou lues wéi zanter 30 Joer net méi. Vill Leit waarden deemno e ganzt Joer just nach op de “Singles Day”. An deene 24 Stonnen erwaarde dann och enorm Promotiounen, ähnlech wéi beim “Black Friday” oder dem “Cyber Monday”.
Agelaut gëtt d’Online-Kaf-Schluecht all Joer mat enger grousser Show op der Tëlee mat Optrëtt vu bekannte Perséinlechkeeten. Den Invité dëst Joer war déi amerikanesch Sängerin Taylor Swift.
