Italien verschäerft seng Corona-ReegelenAll d'Schigebidder bleiwe bis de 6. Januar zou

RTL Lëtzebuerg
Tëscht dem 21. Dezember an dem 6. Januar mussen Italiener, déi am Ausland waren an och auslännesch Touristen a Quarantaine.

D’Ausgangsspär bleift vun owes 22 bis moies 5 Auer. Eng Ausnam ass d’Silvesternuecht... do gëtt awer net gelockert, mä do däerf ee souguer bis moies 7 Auer net virun d’Dier.

Reese bannent dem Land däerfen d’Italiener iwwer d’Feierdeeg och net, si mussen an hirer Regioun bleiwen.

Op ville Plazen an Italien sinn d’Leit guer net frou iwwer déi streng Moossnamen. D’Zuele vun den Neiinfektioune sinn zeréckgaangen, mä en Donneschdeg gouf et mat 993 Doudesaffer en neien Héchstwäert zanter dem Ufank vun der Pandemie.

Back to Top
CIM LOGO