
Si hunn de Choix tëscht 14 Kandidaten. 4 vun deenen 18 Kandidaten, déi um Stëmmziedel stinn, hunn hir Kandidatur an Tëschenzäit schonn erëm zeréckgezunn. Realistesch Chancen, déi meeschte Stëmmen ze kréien, hunn an der Haaptsaach den aktuelle President Aschraf Ghani an de Regierungschef Abdullah Abdullah.
Déi islamistesch-militant Taliban hat am Virfeld annoncéiert d’Forces de l’ordre an d’Walbüroe wëllen unzegräifen an huet d’Leit opgeruff net wielen ze goen. Dowéinst géifen d’Walen e Samschdeg vu méi wéi 72.000 Polizisten a Zaldoten iwwerwaacht ginn. Eng 20 bis 30.000 stéingen iwwerdeems als Reserv prett, heescht et vum Inneministère. Bal en Drëttel vun de Walbüroen dierfen hir Dieren, wéinst der onsécherer Situatioun, iwwerhaapt net opmaachen.
Éischt Resultater sollen et awer eréischt Mëtt Oktober ginn. Sollt kee Kandidat méi wéi 50 Prozent vun de Stëmme kréien, gëtt et eng Stéchwal tëscht den zwee beschtplacéierte Kandidaten.
Am Afghanistan ginn d’Presidentielle vu Gewalt dominéiert. Et goufen e Samschdeg de Moie schonn eng Rei Attentater viru Wallokaler bei deenen Dosende Mënsche blesséiert goufen.