
E puer Datenzentere vun der US-Entreprise Amazon an de Golf-Staate kënne virop net nees a Betrib geholl ginn. Un zwee Rechenzentren an de Vereenegten Arabeschen Emirater géing awer nach geschafft ginn, heescht et en Dënschdeg AWS, dem Cloud-Service vun Amazon. Bei engem weideren Datenzenter an den Emirater souwéi bei e puer am Bahrain wieren awer "all Optiounen opgebraucht".
D'Amazon-Anlag waren Ufank Mäerz kuerz no den éischten Attacke vun den USA an Israel op den Iran duerch Dronenattacke beschiedegt ginn. Amazon Web Services (AWS) ass de weltwäite Leader vu Cloud-Servicer a konkurréiert dobäi mat Microsoft Azure a Google Cloud.