
Deemno gouf den Emmanuel Macron mat 58,55 Prozent erëmgewielt, seng rietspopulistesch Géignerin Marine Le Pen krut 41,45 Prozent.
28 Prozent vun de Walberechtegten hunn net gewielt, wat den zweethéchste Stand bei de Presidentiellen iwwerhaapt a Frankräich ass. Donieft hu méi wéi 2,3 Milliounen en eidele Stëmmziedel ofginn.
An 48 Wallokaler gouf et dem Virsëtz vum Verfassungsrot no “Onreegelméissegkeeten”, wouduerch 20.594 Stëmmziedele fir ongülteg erkläert goufen. Dat sinn deemno 0,06 Prozent vun de Stëmmen, déi ofgi goufen.

Eng interaktiv Kaart weist Iech, wéi wéi en Departement gewielt huet.