
Den däitschen Bundestag huet e Freideg fir en Tank-Rabatt gestëmmt, deen och direkt vum Bundesrot approuvéiert gouf. Vum 1. Mee u gi bei eise Noperen d'Steieren um Bensinn an um Diesel ëm 17 Cent pro Liter erof. Dës Entlaaschtungsmesure kascht den däitsche Staat ronn 1,6 Milliarden Euro a soll bis Enn Juni daueren. Hannergrond ass den Iran-Krich an d'Blockad vun der Strooss vun Hormus, déi d'Spritpräisser iwwerall an der EU aktuell an d'Luucht drécken. Zäitweileg gëtt et e liichte Réckgang, mee d'Präisser sinn nach ëmmer däitlech iwwert dem Niveau vun virum Konflikt.