Wéi geet et mat den Zooe weider?An Däitschland sollen et Noutfallpläng gi fir Zwangsschluechtungen

RTL Lëtzebuerg
Déi ablécklech sanitär Kris verschäerft d'Situatioun a sëllegen Zooen an Déiereparken uechter d'Welt.

Elo wärend der Vakanzenzäit ass en Ausfluch an den Zoo respektiv an en Déierepark eng beléiften Aktivitéit virun allem bei Famille mat Kanner. Well et awer den Ament nach op ville Plazen Ausgangsspäre gëtt, verschäerft sech d’Situatioun.

Zooen an Déiereparke maachen immens Verloschter. Et feele Suen, fir d’Mataarbechter ze bezuelen a soss Ausgaben ze decken, ma och d’Déiere leiden ënner der Situatioun, well si deels net méi genuch ze friesse kréien.

Noutléisung: Zwangsschluechtung

Wéi verschidden däitsch Medie mellen, géifen et ëmmer méi Zooen a Parke ginn, déi un eng forcéiert Schluechtung vun den Déiere denken an déi no un der Fermeture stinn - den Déierepark zu Neumünster a Schleswig-Holstein géif mat dëse Gedanke spillen.

Nach wier een allerdéngs net esou wäit, fir dës Schrëtter ze goen; et wéilt ee sech och ënnereneen hëllefen, heescht et nach. Esou huet och “Verband der Zoologischen Gärten” an Däitschland finanziell Hëllef versprach.

Munch Déiere kënnen de Covid-19 weiderginn

Bis ewell ass gewosst, datt beispillsweis Tiger den neie Virus weider kënne ginn. En Tigerweibchen am New Yorker Zoo gouf rezent positiv getest, donieft hunn och 3 Léiwen an engem Zoo an de Bronx Symptomer gewisen. Experte si sech awer sécher, datt de Virus vun engem Zoo-Déier kaum op de Mënsch kann iwwerdroe ginn. Bis elo wier op jiddwer Fall nach keng Infektioun an deem Sënn bekannt.

Back to Top
CIM LOGO