
Zanter e Samschdeg sinn Akafszenteren, Restauranten, Baren a gréisser Parken zou.
De russesche President Putin huet dofir elo eng “Woch ouni Aarbecht” ordonéiert – awer soss keng weider Mesurë geholl.
Experte soen, dat géing méi schuede wéi gutt maachen, well d’Leit elo eraus op d’Land bei hir Famillje fueren oder un d’Schwaarzt Mier un de Strand fléien.
Dosende Flich sinn eleng vu Moskau dëse Weekend Richtung Sotschi gestart. Domadder géing de Virus elo iwwerall higedroe ginn, sou Experten.
Sotschi huet selwer d’Noutbrems gezunn: an der aarbechtsfräier Woch dierfe keng Better verlount ginn. Reservatioune musse stornéiert ginn. An et ginn dofir och eng ganz Rei Chartervollen zeréck op Moskau.