BelschAn der Wallonie gouf eng Ausgangsspär decidéiert tëscht 22 a 6 Auer

RTL Lëtzebuerg
Bis den 19. November si wärend där Zäit alleguer déi Deplacementer verbueden, déi net essentiell sinn.

D’Geschäfter sollen net méi wéi zwou Persounen eraloossen, fir zesummen anzekafen, ouni Kanner ënner 12 Joer matzerechnen.

Den Télétravail ass d’Reegel an an den Altersheemer gëtt d’Zuel vun de Visiteuren limitéiert op eng Persoun pro Awunner wärend 2 Wochen.

Dat si Reegelen, déi de Comité de concertation d’lescht Nuecht decidéiert hat an déi de wallounesche Premier Elio di Rupo um Freideg am spéiden Nomëtteg op enger Pressekonferenz am Detail explizéiert huet.

All dës Mesuren trieden um Hallefnuecht a Kraaft.

Back to Top
CIM LOGO