EconewsAnd the winner is … Netflix

Claude Arendt
Mat 82.7 Milliarden Dollar kréint sech Netflix zur absolutter Nummer 1.
© AFP/Archives/Olivier DOULIERY

Netflix keeft e groussen Deel vu Warner Bros. Discovery an ass domat op Joren d’Nummer 1 am Streaming. Erklärunge vum Claude Arendt.

And the winner is Netflix

Netflix publizéiert leider d’Zuel vu senge Memberen net méi. Zum Enn vun all Trimester gëtt just nach déi finanziell Situatioun matgedeelt. Dofir kann een nëmme graff schätze, wéi vill Leit bei Netflix ugemellt sinn. Dat sinn eppes ëm 310 Milliounen. Mat dem Deal mat Warner Bros. Discovery, kommen der nach e Mol 128 Milliounen derbäi.

Awer nëmme wann déi Transaktioun duerchgeet.

Dat ass net ganz sécher. Dat gesäit een eleng dorun, dat den “Deal”, tëscht 12 an 18 Méint wäert brauchen, fir vun den Autoritéiten an Amerika, awer och bei eis an Europa, gepréift an autoriséiert ze ginn. Dat kéint net ganz sou einfach ginn. No bei enger hallwer Milliard Leit hätten da bei Netflix en Abo. Déi aner grouss am Streaming, Amazon Prime oder nach Disney +, kommen op tëscht 120 an 140 Milliounen. A Paramount, e weidere groussen Numm zu Hollywood, huet der warscheinlech ëm déi 80 Milliounen. Also Netflix gëtt mat deem Deal definitiv de Goliath. Net nëmmen am Streaming, awer och zu Hollywood.

Paramount war och staark interesséiert. Wollt awer dat Ganzt, net nëmmen d’Filetsstécker.

Paramount ass eréischt an de leschte Méint, ënnert der Féierung vum David Ellison, a mat de Sue vu sengem Papp an Oracle Grënner Larry Ellison, e richteg grousser Player ginn. D’Firma heescht jo offiziell Paramount Skydance Corporation a war un der ganzer Warner Bros. Discovery interesséiert. Also souwuel Televisioune wéi CNN oder Eurosport, wéi och Streaming, wéi HBO zum Beispill.

Netflix wëll awer näischt vu CNN wëssen.

Et ass warscheinlech net ganz sou einfach ënnert enger Regierung Trump, en Deal mat den Networken an Amerika duerchzekréien ,wéi just en Deel op der Produktioun an dem Streaming. Fir déi 82,7 Milliarden, déi zum Deel Cash an zum Deel an eegenen Aktie bezuelt ginn, kritt Netflix den Harry Potter an de Superman, kritt, elo gi mer wäit zréck an der Filmgeschicht, och de Film Casablanca mam Humphrey Bogart. Awer eben och HBO mat sou immense Produktioune wéi “House of Cards” an “The Sopranos“ op enger Plattform, dat kënnt mol ganz séier zu enger Ofhängegkeet féieren.

A wéi huet d’Wall Street reagéiert?

Wann der puer do sinn, wou hannert Warner Bros Discovery hier sinn, da kann déi Aktie am Fong nëmme klammen. Um Freideg war et e Plus vu 5.50%, well am “After Hours” ass et nach liicht erofgaangen. Netflix huet awer bal 3% verluer. Awer de grousse Verléierer sinn d’Aktie vu Paramount Skydance mat engem Verloscht vu bal 10%.

Fazit vun der Bourse, de Goliath Netflix huet, fir elo jiddefalls, de Streaming-Match gewonnen.

Weideren Artikel zum Thema

Back to Top
CIM LOGO