
Wéi déi zwou US-Entreprisen e Freideg an enger gemeinsamer Erklärung matgedeelt hunn, soll d’Iwwernam Netflix eng Zomm vu knapp 83 Milliarden Dollar (ronn 71,3 Milliarden Euro) kaschten. Den Deal dierft allerdéngs op eng streng Iwwerpréiwung vun de Kartellautoritéiten net nëmmen an den USA treffen. Netflix ass de weltwäit gréisste Streamingubidder.
Medien haten am Virfeld gemellt, datt de Streamingdéngscht zu enger Grupp vun Entreprisë gehéiere géif, déi eng Offer fir d’Iwwernam vu Warner Bros Discovery ofginn hätten. Zu Warner Bros Discovery gehéieren nieft de berüümte Filmstudioen och de Streamingdéngscht HBO an d’Noriichtechaîne CNN.
D’Entreprise hat u sech eng Opspléckung uviséiert: Eng Entreprise fir Streaming a Film- a Seriëproduktiounen an eng fir déi klassesch Tëlee. Wéi am Oktober eng Rei Offere fir eng Iwwernam komm sinn, goufen d’Pläng fir eng Opspléckung op d’Säit geluecht.
Féierend Hollywood- Vertrieder gesinn eng méiglech Iwwernam vu Warner Bros kritesch, well se fäerten, datt Netflix d’Kinogeschäft vun zukünftege Produktiounen gréisstendeels agschränke géif. De Star-Regisseur James Cameron, sot kierzlech am Podcast “The Town”, eng Iwwernam vu Warner Bros duerch Netflix wier “eng Katastroph”.