
Schonn Enn 2022 waren déi brittesch Staatsbierger Andrew an Tristan Tate a Rumänien wéinst engem anere Fall festgeholl ginn. De brittesche Parquet wërft den zwee Männer zesumme mat zwou Frae Mënschenhandel a Rumänien an anere Länner wéi den USA a Groussbritannien vir.
Wéi d’Noriichtenagence AFP schreift, wiere 7 presuméiert Affer vu sexueller Exploitatioun vun de Beschëllegte bekannt. Si wieren “duerch kierperlech Gewalt a psycheschen Zwang” zu sexuellen Akter fir Pornoe gezwonge ginn, déi d’Tate-Bridder dunn um Internet verkafe wollten, heescht et vun der brittescher Justiz.
No e puer Méint an Untersuchungshaft koumen d’Männer allerdéngs ënner Hausarrest fräi an hunn op den Optakt vum Prozess gewaart. Elo goufe si awer wéinst neie Reprochë vu Mënschenhandel, Vergewaltegung a Bildung vun enger krimineller Vereenegung fir sexuell Exploitatioun vu Fraen nees festgeholl.
Den Andrew Tate ass en ëmstriddenen Influencer, deen op enger Rei Plattformen am Internet wéinst fraefeindlechen Aussoe gespaart gouf. Trotzdeem huet hien um Onlinedéngscht X nach ëmmer ronn 9 Millioune Follower. A Videoe gëtt hien Tipps, fir erfollegräich ze ginn a verbreet fraefeindlech a gewalttäteg Visiounen. Ënnert anerem huet hien Affer vu sexueller Gewalt geschriwwen, datt si selwer Schold wieren.
RTL-News: No Twitter-Sträit mam Greta Thunberg: Ex-Kickboxer Andrew Tate a Rumänien festgeholl
RTL-News: Op Twitter: Greta Thunberg kontert Ex-Kickboxer Andrew Tate - a gëtt am Netz dofir gefeiert