Op TwitterGreta Thunberg kontert Ex-Kickboxer Andrew Tate - a gëtt am Netz dofir gefeiert

RTL Lëtzebuerg
Den Influencer an Ex-Kickboxer Andrew Tate wollt d'Klimaaktivistin Greta Thunberg mat engem Tweet provozéieren. Si hat awer eng Äntwert parat.
© AFP/Archives/Jonathan NACKSTRAND

Dat huet hie sech bestëmmt aneschters virgestallt: An engem un d’Klimaaktivistin Greta Thunberg adresséierten Tweet wollt sech de fréiere Kampfsportler Andrew Tate mat senger Autoskollektioun bretzen an déi 19 Joer al Schwedin wuel och provozéieren.

Iwwert enger Foto, op där hie beim Tanke vun engem vu sengen Autoen ze gesinn ass, schreift hien, en hätt 33 Gefierer.

“Wannechgelift gëff mir deng Email-Adress, fir dass ech dir eng komplett Lëscht vu menger Autoskollektioun an hire respektiven Emissioune schécke kann”, sou den Tate un d’Thunberg a sengem Tweet.

D’Begrënnerin vun der Klimaschutz-Beweegung huet schlagfäerdeg geäntwert. A sengem Re-Tweet schreift d’Greta Thunberg: “Jo, wannechgelift klär mech op. Schéck mir en Email u klengepenisenergie@sichdireliewen.com”.

En Donneschdegmoien hat d’Äntwert vun der Aktivistin 2,4 Millioune Likes, dem Andrew Tate seng Provokatioun just 180.000. Eng eendeiteg Victoire also vun der 19 Joer aler Aktivistin iwwert de 36 Joer alen Ex-Kickboxer.

Den Andrew Tate ass an der Vergaangenheet ëmmer nees duerch fraefeindlech Aussoen opgefall. A senge Videoen, déi massenhaft ugekuckt ginn, äussert e beispillsweis, Frae wieren d’Proprietéit vu Männer, oder mat dru Schold, wa se géinge vergewaltegt ginn. Och gëtt hie Coursen, an deenen ee léiere soll, online Geld ze verdéngen oder sou ze gi wéi hien.

Back to Top
CIM LOGO