
Wéi eng Rei Medie mellen, gouf den ëmstriddenen Influencer an Ex-Kickboxer, deen an de leschte Joren ëmmer nees duerch ënner anerem fraefeindlech Aussoen opgefall war, a Rumänien festgeholl.
An de leschten Deeg hat den Andrew Tate Opmierksamkeet duerch een Online-Sträit mam Greta Thunberg op sech gezunn. An engem Tweet un déi bekannte Klima-Aktivistin huet hie sech mat sengen 33 Autoe gebretzt a gesot, hie géif hir gäre per E-Mail eng Lëscht vun all senge Ween an “hirem respektivem enorme Verbrauch” schécken.
D’Begrënnerin vun der Klimaschutz-Beweegung huet mat engem Re-Tweet reagéiert: “Jo, wannechgelift klär mech op. Schéck mir eng Email u klengepenisenergie@sichdireliewen.com”. Méi wéi 3,1 Millioune Likes krut d’Greta Thunberg antëscht fir hir Reaktioun.
Den Andrew Tate wollt dat, wéi et schéngt, awer net op sech sëtze loossen an huet ee Video op Twitter gesat, an deem hie sech Zigar-fëmmend iwwert déi 19 Joer al Aktivistin lëschteg mécht. Am Laf vum Video ginn dem Tate zwou Pizzaen un den Dësch geliwwert. Op de Pizza-Këschte waren ënner anerem den Numm vun der Pizzeria an e QR-Code ze gesinn, déi ënnert anerem der däitscher “Bild” no den Ermëttler wuel déi entscheedend Spuer dozou solle ginn hunn, wou genee den Tate sech opgehalen huet.
D’Greta Thunberg huet op d’Nouvelle vun der Festnam mat de Wierder “Dat geschitt, wanns de deng Pizza-Këschten net recycléiers” op Twitter reagéiert.
D’Geschicht vun de Pizza-Këschten huet eng Spriecherin vum zoustännege Parquet allerdéngs elo dementéiert. “Dat sinn amüsant Spekulatiounen.” Et géif awer net stëmmen, datt dat bei de Festnamen eng Roll gespillt hätt.
Op Fotoe war ze gesinn, wéi den Andrew Tate a säi Brudder Tristan an Handschelle vun der rumänescher Police fortbruecht gi sinn. En Affekot vun de Bridder soll der Noriichtenagence Reuters géigeniwwer hir Festnam confirméiert hunn. D’Haus vun de Bridder zu Bukarest soll ausserdeem duerchsicht gi sinn.
Wéi Reuters mellt, ginn et nieft den Tate-Bridder nach zwee weider Verdächteger. Si gi beschëllegt, eng organiséiert Band gegrënnt ze hunn, déi Fraen mam Versprieche vu Léift ugelackelt huet, ier si du mat Gewalt a Menacen a Wunnengen ronderëm Bukarest festgehale goufen. Do solle si dann zum Sex gezwonge gi sinn, deen och gefilmt an an de Soziale Medie verbreet soll gi sinn.