
Wéi d'Autoritéiten en Dënschdeg matgedeelt hunn, hunn d'Täter probéiert, e Geldtransporter ze iwwerfalen. Wéi d'Police op d'Plaz koum, sinn d'Ugräifer dem President Abelardo de la Espriella no an de Supermarché geflücht an hu sech do mat ronn 30 Geisele verschanzt.
Géintiwwer der AFP heescht et vun der Police, datt, wéi et Nuecht gouf, schonn 10 Geiselen, dorënner 5 eeler Fraen, fräikomm wieren. 20 Leit wieren awer nach ëmmer an der Gewalt vun de Kriminellen.
De President ass am Laf vum Dënschdeg den Owend op der Plaz ukomm an wollt wuel de Kommando iwwert den Asaz iwwerhuelen. Hie wier an Uniform, mat Pistoul a Walkie-Talkie, opgetrueden an hätt do d'Kommandante vun der Spezialunitéit, déi sech mat Entféierungen an Erpressungen auskennen, begréisst.
Den de la Espriella huet awer séier ausgeschloss, datt d'Männer zu enger arméierter Guerillagrupp oder enger paramilitärescher Unitéit géife gehéieren. "Fir d'Geisele wäert d'Saach gutt ausgoen", sot hien, wéi hien zu Cartagena ukomm ass. "Ech si mer awer net sécher, ob et och fir déi Kriminell esou gutt wäert ausgoen", esou de rietsgeriichte President weider.
En AFP-Reporter, deen op der Plaz ass, konnt gesinn, wéi sech Sniper ronderëm d'Gebai positionéiert hunn an och ware ronderëm d'Dier vum Geschäft Polizisten, déi hir Waff gezunn haten, asazbereet. Nieft der Police ass och d'Marine an d'Spezialunitéit um Asaz bedeelegt.
Meldungen no fuerderen déi Kriminell bal zwou Milliounen Dollar, e gepanzerten Auto an e séchere Passage bis an d'Stad Barranquilla, déi ronn 130 Kilometer nërdlech vu Cartagena läit.