
Den RKI huet fir e Mëttwoch méi wéi 6.600 nei Infektiounsfäll gemellt, dat ass den héchste Wäert bei eisen Noperen zanter dem Ufank vun der Pandemie.
A Stied a Regiounen, an deenen d’Corona-Zuele staark um klamme sinn, gëllen an Zukunft méi streng Reegelen. Ugefaange mat private Feieren. An de sougenannten “Hotspots” dierfen op Partye just nach 10 Awunner bannent enger Woch gemellt goufen.
Och an der Gastronomie ginn et Ännerungen. Restauranten a Risikogebitter mussen hir Diere schonn um 23 Auer zoumaache wann den Inzidenzwäert vu méi wéi 50 Neiinfektiounen op 100.000 Awunner an de vergaangene 7 Deeg iwwerschratt gouf. Baren a Clibb sollen iwwerdeems zougoen. Lokaler, Baren a Caféë gëlle virun allem als geféierlech Infektiounsplazen, well sech vill Leit op enkem Raum ophalen an d’Distanz dacks net agehale gëtt, wa bis vill Alkohol am Spill ass. Concernéiert vun dëser neier Reegelung sinn och eng Partie Restauranten.
Méi streng wëlle Bund a Länner a puncto Maskeflicht virgoen. Iwwerall do, wou vill Mënschen zesummekommen, ass de Mond- an Nueseschutz an Zukunft obligatoresch. Dat betrëfft awer just déi Géigenden, bei deene méi wéi 35 Neiinfektiounen op 100.000 Awunner bannent der leschter Woch registréiert goufen.
