
An Europa gëtt den Ament vill heiriwwer gestridden.
Dänemark, Éisträich, Tschechesch Republik. Ënner anerem dës Länner hate schonn Ugangs Abrëll Exit-Strategië presentéiert.
An Dänemark si Maison Relaisen, Spillschoulen a verschidde Grondschoulklassen nees op, ënner strikte Konditiounen.
An Éisträich kënnen d’Leit nees an de Baumaart goen oder a kleng Geschäfter, mat den néidege Sécherheetsdistanzen a mat Masken. Fir Mëtt Mee goufe weider Déconfinements-etappen annoncéiert. Restauranten a Cafée sollen, ënner strikten Oploen, nees opmaachen, och an de Schoule soll et nees ugoen, sou de Kanzler Sebastian Kurz.
An Tscheschien sinn d’Ausgangs-Limitatiounen opgehuewen. E Geriicht zu Prag huet dës fir rechtswidreg erkläert.
Ganz strikt waren d’Mesurë jo an de südeuropäesche Länner Italien a Spuenien, déi staark vum Coronavirus getraff goufen.
An Italien gëllen zënter bal 2 Méint streng Ausgangs-Restriktiounen, entretemps hunn d’Librairien an d’Botzereien nees op. Éischt wierklech Schrëtt a Richtung Normalitéit si sech fir de 4. Mee z’erwaarden.
A Spuenien schaffe grouss Firmen nees. D’Bierger kruten awer hei apaart streng Ausgangsspären operluecht, Kanner hunn iwwerhaapt net dierfte virun d’Dier.
Den Noutstand gouf lo mol bis den 9. Mee verlängert. Vu Mëtt Mee u wier mat Changementer ze rechnen, seet de Premier Pedro Sanchez.
Am Frankräich goufen d’Ausgangsspäre bis den 11. Mee verlängert. Dono solle Schoulen etappeweis nees opgoen. Den Horesca-Beräich awer net.
An Däitschland si sech de Bund an d’Länner sou wéi och d’Länner ënnerteneen net ëmmer eens. Zënter dëser Woch sinn eng Rei Geschäfter nees op. Mat weideren Ouverturen ass eréischt no der éischter Woch Mee ze rechnen.
E ganz anere Modell fiert jo Schweden. Hei gëtt et manner streng Restriktiounen, Geschäfter, Restauranten a Caféen hunn ni zougemaach, ma musse sech u Richtlinnen halen an hire Betriber.
D’EU-Kommissioun plädéiert iwwerdeems fir eng gemeinsam Exit-Strategie, d’Länner sollen hir Mesurë koordinéieren.
Virun enger décker Woch gouf zu Bréissel eng Feuille de route op den Dësch geluecht, un déi d’Memberstaate sech awer net mussen halen.
Wéi den Exit konkret soll ausgesinn, do blouf d’Kommissioun vague.
