Ariel Fishman - President vu Ramath Orah :
D’Plënnere vun enger ganzer Communautéit vu Lëtzebuerg heihinner spigelt menger Meenung no e Moment zeréck, wou eng Communautéit d’Gefill hat, net dozou ze gehéieren, a Gefor ze sinn, sech onsécher ze fillen. An esou si se heihinner komm, net nëmmen als Flüchtlingen, mee als Grupp an ech mengen, si hu sech ganz laang verflicht, dofir ze suergen, dass se ëmmer eng Plaz hunn, wou se higehéieren, dass se ëmmer dësen Ënnerstëtzung hunn, vun deem engem zu deem aneren. De Raymond Learsy, gebiertege Lëtzebuerger an deen an der Groussgaass gewunnt huet, erzielt eis d’Noutsituatioun vu senger Famill.
1940 ewéi de Krich an Europa eskaléiert ass, huet meng Mamm, déi selwer däitsch-jiddescher Ofstamung war, et fir wichteg gehalen, dass mer Lëtzebuerg verloossen.
Situatiounsbedéngt an duerch déi däitsch Invasioun huet sech d’Famill Learsy aneren ugeschloss, déi sech op déi laang Rees virbereet hunn, sech de richtege Visa besuergt hunn, fir sech da queesch duerch Europa no Westen duerchzeschloen. Et war e laangen Wee an d’Ongewëssheet, awer fir ze iwwerliewen noutwenneg. Hiert Ziel war en Hafen a Portugal, ier et weider an Amerika goung, e woubäi sech verschiddener zu New York niddergelooss hunn.
Et koumen der ëmmer méi aus Lëtzebuerg, dëst wéinst der Visioun an dem Courage vum lëtzebuergeschen ieweschte Rabbiner Robert Serebrenik.
De Rabinner Dr. Robert Serebrenik war och de Grënner vum Ramath Orah zu New York. Hien huet sech beméit, fir Bezéiungen zu wichtegen däitsche Beamten an huet et wéinst sengem Courage a sengem Charakter fäerdeg bruecht, fir 2.000 lëtzebuergesch Judden aus Lëtzebuerg ze transferéieren.
De François Moyse, Lëtzebuerger a President vun der AEPJ, huet sech fir d’Fuerderung vun den europäeschen Wäerter an de Mënscherechter agesat a gläichzäiteg dat jiddescht Iewe gefuerdert an erhalen.
Dem Serebrenik ass et duerch seng Perséinlechkeet gelongen, dës Leit esou ze engagéieren, dass se dëst Gebai an der 110th Street zu New York kaf hunn, fir kënnen d’Kongregatioun Ramath Orah ze grënnen an där ech natierlech an der hebräescher Schoul war a wou ech och meng Jugend erlieft hunn.
D’Jane Blumenstein, déi fréier Presidentin vun der Communautéit, huet e puer Dokumenter ausgegruewen aus der Zäit vum Rabbi Serebrenik, déi sech och haut nach fir d’Stäerkt vun där nei gegrënnter Communautéit asetzt.
Kommt an eis Communautéit, gitt Member vun eiser Gemeng, drot ären Deel zu eiser konstruktiver Aarbecht bäi, erfëllt aktiv är Aufgaben, kommt an eis Massen a Versammlungen an dir wäert gesinn, dass der méi vun Ramath Orah zeréck kritt, ewéi der ginn hutt, am Sënn vun de Wäerter, déi wierklech de Mënsch ausmaachen, formen an en erhalen am Sënn vun der Reinkarnatioun mat engem neien Häerz an enger neier Séil, fir esou am Aklang mat deem Weesentlechen ze sinn.
D’Virstellung , dass eppes aus esou enger donkeler Zäit kënnt an awer sou vill Luucht bréngt, ass u sech dat, wat Ramath Orah bedeit. Orah heescht “ Liicht “, dat ass eppes Schéines, eppes wat inspiréiert a wann ee weess, dass een ëmmer Hoffnung soll hunn , dass een och an deenen donkelsten Zäiten awer weidermaachen kann . An d’Communautéit an dat Festhalen un eiser Relioun, eis reliéis Weeër, ass ee vun de Weeër ewéi mir weidermaachen. A genee dat ass dat, wat de Rabbi Serebrenik gemaach huet, wéi hie seng Communautéit hei op New York verluecht huet.
Fir all dës Wäerter vum Rabbi Serebrenik an der Communautéit ze erhalen, versammele sech vill Leit fir der Kongregatioun Ramath Orah, fir hiren déiwe Verwuerzlungen zu Lëtzebuerg ze gedenken, dorënner och eise Premierminister Xavier Bettel an de lëtzebuergesche General Konsul fir Lëtzebuerg zu New York.
Déi lëtzebuergesch Regierung huet eis eng ganz generéis Spend zoukomme gelooss, fir dës Fënster an esou hu mer se designed , dass se un déi lëtzebuergesch Geschicht erënnert. Bannen an der Magen David steet eng Zeil vum Isaiah, wat genee déi nämmlecht Zeil war, déi deemools iwwert dem Bou vun der Synagoge zu Lëtzebuerg stoung , déi zerstéiert gouf. An esou ass dëst eng konstant Erënnerung un dës Connectioun zu Lëtzebuerg an eis lëtzebuergesch Geschicht a mir sinn iwwerglécklech, dass déi lëtzebuergesch Regierung ons heibäi ënnerstëtzt huet.