
Op soziale Medien gouf et um Freideg een Opruff fir eng Protestaktioun. De Grond ass eng Course-Poursuite tëscht 2 Scooteren an der Police um Freidegowend, bei där et zum Doud vun engem jonke Mann komm ass.

D’Situatioun hätt sech géint 18 Auer berouegt, sot de Buergermeeschter.
