
Déi irakesch Autoritéiten hunn e Sonndeg eng Ausgangsspär decidéiert. Dës gëllt fir dat ganzt Land a bis den 28. Mäerz. Dat nodeems am Land eng 20 Persounen um Coronavirus gestuerwe sinn. Och d’Schoulen an d’Universitéiten, esou wéi d’Fluchhäfen am Land bleiwe bis Enn dës Mount zou. Dat mellt d’AFP, der en Text vum irakesche Gesondheetsministère virläit.
Bei 40 Milliounen Awunner goufen am Irak nëmmen eng 2000 Tester op de Covid19 gemaach, d’Donkelziffer vun den Infektiounen, déi den Ament bei 233 läit, dierft also e gutt Stéck méi héich sinn. Dobäi sief erënnert, dass den Irak un den Iran grenzt, wou et bis ewell ronn 1700 Doudeger wéinst dem Coronavirus gëtt.