Tschechesch RepublikAusschreidunge bei Protester géint Anti-Corona-Mesuren

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet bei de Protester zu Prag Waasserwerfer an Tréinegas géint Demonstranten agesat.

Trotz de Restriktiounen hate sech dausenden Demonstranten an der Stad versammelt fir géint d’Anti-Corona-Mesurë vun der Regierung ze protestéieren. Ronn 50 Persoune goufe festgeholl. Eng 20 Poliziste solle bei de Protester blesséiert gi sinn.

Ënnert dem Demonstranten an der Alstad, déi de Récktrëtt vum Gesondheetsminister Roman Prymula gefuerdert hunn, waren der Police no eng ganz Partie radikal Futtball-Supporter. De Prymula huet den Demonstrante reprochéiert, mat hirem Verhalen “honnerten Neiinfektiounen” ze provozéieren.

Back to Top
CIM LOGO