
Den US-Ausseminister Anthony Blinken a säi chineeseschen Homolog Wang Yi hu sech bei enger éischter bilateraler Entrevue um G20-Sommet op der indonesescher Insel Bali dialogbereet gewisen. An esou enger komplexer a wichteger Relatioun, wéi där tëscht den USA a China, géif et vill ze diskutéieren, esou den Anthony Blinken.
De chineeseschen Ausseminister huet iwwerdeems betount, dass béid Länner misste doru schaffen, dass hir Relatiounen sech an déi richteg Richtung entwéckelen. An de leschte Jore waren d’Bezéiungen tëscht China an den USA esouwuel um wirtschaftleche Plang wéi och an der Fro vum Respekt vun de Mënscherechter ëmmer méi schwiereg ginn. Och iwwert de Krich an der Ukrain ass ee sech net eens.
D’USA ënnerstëtze Kiew mat Waffen an hu Sanktioune géint Russland agefouert. China dogéint fleegt seng Relatioune mat Moskau weider a bedeelegt sech net un de westleche Sanktiounen.