BelschAusseministesch Sophie Wilmès op der Intensivstatioun

RTL Lëtzebuerg
Déi belsch Ausseministesch Sophie Wilmès war d'lescht Woch positiv op de Coronavirus getest ginn.

Déi fréier Premierministesch ass zanter e Mëttwoch op der Intensivstatioun. Den Zoustand vun der Politikerin vu 45 Joer wier stabel, mä misst professionell iwwerwaacht ginn. Hir Situatioun wier awer net beonrouegend, heescht et vun hirer Porte-Parole. D’Sophie Wilmès huet sech eegenen Aussoen no an hirer Famill ugestach.

E Mëttwoch hunn d’Belsch méi wéi 13.000 nei Fäll an de leschte 24 Stonnen gemellt. Domadder ware 16% vun de Tester, déi gemaach goufen, positiv. 421 goufen hospitaliséiert a 50 Persoune sinn um Sars-Cov-2 gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO