
Hei war en Automobilist an de Pilier vun der Bréck gerannt, d’Gefier gouf op d’Spuren zeréckgeschleidert an huet dës blockéiert. De Chauffer vum Auto gouf dobäi uerg blesséiert, esou datt d’Air Rescue huet missten alarméiert ginn.
Wärend de Rettungsaarbechte gouf d’Streck d’A64 a Richtung Lëtzebuerg komplett gespaart, esou datt et zu Problemer am Trafic koum.