Neie Rekord a FrankräichBal 27.000 Nei-Infektioune mam Coronavirus bannent engem Dag

RTL Lëtzebuerg
Och d'Zuel vun de Leit, déi Covid-bedéngt am Spidol sinn, ass e Samschdeg ëm 17 Patiente geklommen.

Alles an allem sinn a Frankräich bis elo 32.684 Leit un de Suitte vun enger Coronavirus-Infektioun gestuerwen.

An Däitschland goufen e Samschdeg knapp 3.500 Nei-Infektioune registréiert. D’Zuel vun den Doudesaffer klëmmt ëm 11 Persounen op elo 9.615.

Déi lescht Deeg louch d’Zuel vun de positiven Tester ëmmer bei eppes méi wéi 4.000. Allerdéngs ass d’Zuel vun e Samschdeg ënner Ëmstänn net komplett, well de Weekend net all d’Autoritéiten hir Zuele weiderginn.

Wéinst den deels massiven Haussë bei den Nei-Infektioune mam Coronavirus, gi queesch uechter Europa erëm nei Restriktiounen agefouert.

Back to Top
CIM LOGO