RapportBeim Corona-Krisemanagement zu Ischgl si Feeler geschitt

Maxime Gillen
Iwwer 6.000 Tirol-Vacancieren aus 45 Länner hu sech bis ewell als potentiell geschiedegt gemellt.

Eng onofhängeg Kommissioun huet elo ënnersicht, wéi et dozou konnt kommen, an ob déi zoustänneg Autoritéite richteg reagéiert hunn. De Rapport vun där Kommissioun gouf presentéiert an dobäi gouf kloer, dass gravéierend Feeler geschitt sinn. Fir dee Rapport huet d’Kommissioun mat méi wéi 50 Leit geschwat, dorënner betraffe Persoune, Vertrieder vun de Seelbunnen an den Tourismusbetriber, genee wéi Responsabeler vun den zoustännegen Autoritéiten op allen Niveauen.

Ischgl/Reportage Maxime Gillen

Erauskomm ass en detailléierten Rapport doriwwer, wien wéini wat wosst a wéi dorobber reagéiert gouf. Gläichzäiteg hu Fuerscher erausfonnt, dass de Virus, deen zu Ischgl verbreet gouf, zu engem Stamm gehéiert, deen an engem franséische Schigebitt fir d’éischt opgedaucht ass, wéi de Kommissiounspresident Ronald Rohrer erkläert.

„Die Virus-Isolate aus dem Ischgl-Cluster passten zum Mutationsprofil der Stämmen von Fällen im französischen Skiressort, wohin ein britischer Staatsbürger am 24.1. gereist war, der an einer Konferenz in Singapur teilgenommen hatte. Diese Konferenz war von 109 Personen besucht worden, darunter ein chinesischer Teilnehmer aus Wuhan. Wie der Virus dann aus diesem Ski-Ressort nach Ischgl gekommen ist, haben die Wissenschaftler leider nicht mehr feststellen können.“

Ma egal wéi de Virus op Ischgl komm ass, dass en do war, wier relativ fréi bekannt gewiescht, esou d’Conclusioun vun der Kommissioun. Uganks Mäerz hätten déi zoustänneg Autoritéiten éischt Informatiounen kritt, dass sech Touristen zu Ischgl mam Coronavirus infizéiert hätten.

Déi éischt Reaktioun doropshin wier dann och nach richteg gewiescht. Et gouf nämlech no Kontaktpersoune gesicht a breetflächeg getest. An enger éischter Phas gouf och e Bar zougemaach, an deem ee vun de Barkeeper a méi spéit 16 weider Serveure positiv getest goufen.

Ma vun do u schéngt esou munches schifgaangen ze sinn. Zum Beispill, dass dee concernéierte Bar relativ séier erëm huet dierfen opmaachen an dass och aner Après-Schi-Baren net zougemaach goufen.

„Der dritte Befund lautet daher, dass spätestens mit 9.3. die Besonderheit der Virenübertragung in Après-Ski-Lokalen und das rasche nicht-eingrenzbare Ansteigen der Infektionen für die Verantwortlichen der Bezirkshauptmannschaft klar erkennbar war. Es hätte daher am Nachmittag dieses Tages zur Erlassung von Verordnungen kommen müssen, mit denen die Beförderung durch Seilbahnen und Skibussen und die Ansammlung von Menschenmassen untersagt, sowie die Schliessung von Gaststätten, die nicht der Grundversorgung dienen, verfügt wird.“

Den 13. Mäerz du gouf de ganzen Dall, mat ronn 8.000 Touristen, ënner Quarantän gesat. Ma nach ier d’Autoritéite prett waren d’Departe vun den auslännesche Gäscht ze kontrolléieren, wieren der scho vill ofgereest gewiescht. Dës wieren och net anstänneg doriwwer informéiert ginn, dass si de Weekend iwwer no an no a kontrolléiert sollten ofreesen. Ausserdeem hätt et keen Evakuatiounsplang ginn.

Bei enger Konsumenteschutzorganisatioun, déi d’Interessie vun betraffene Leit vertrëtt, hu sech an Tëscht méi wéi 6.000 Touristen aus 45 Länner gemellt. Dausende Corona-Infektiounen an Europa sollen op Leit, déi an Tirol an der Vakanz waren, zeréckzeféiere sinn.

Eng Etüd vun der Universitéit Innsbruck am Juni huet iwwerdeems erginn, dass 42,2 Prozent vun der Bevëlkerung zu Ischgl Antikierper hat. Dat ass weltwäite Rekord.

De Parquet vun Innsbruck huet dann an Tëscht och géint 4 Leit eng Enquête an d‘Weeër geleet wéinst dem a-Gefor-brénge vun anere Leit duerch Krankheeten, déi een iwwerdroe kann. Deemno Affaire à suivre.

Back to Top
CIM LOGO