
D’Pro-Demokratie Oppositioun huet am Conseil haart géint d’Gesetz protestéiert. Si hate souguer probéiert de Vott ze ënnerbriechen, andeems Politiker een Eemer mat sténkegem Dünger op de Buedem vum Conseil geschott hunn.

An awer gouf en Donneschdeg dëst Gesetz zu Hongkong gestëmmt, deemno et elo illegal ass, d’Nationalhymne ze beleidegen. Dëst ass déi neisten Evolutioun an dem deels brutale Sträit tëscht der hallef-autonomer Zon Hongkong an dem Land China.
D’Majoritéit, déi mat China hält, seet et wier wichteg, datt d’Bierger vun Hongkong d’Lidd respektéiere géifen. D’Strof geet bis zu 3 Joer Prisong a bis zu 50.000 Hongkong Dollar, dat si ronn 5.700 Euro.
Zënter dem Summer 2019 gëtt zu Hongkong massiv protestéiert. D’Leit gi géint d’Propositioun vu China op d’Strooss, een neit Strofgesetz auszeschaffen, wou Prisonéier aus Hongkong kënne China ausgeliwwert ginn. Protestéiert gëtt och generell fir méi Demokratie a méi Fräiheeten zu Hongkong, sou wéi se Status vun der Zon et virgesäit.
Enn Mee huet China Hongkong dunn een neit Sécherheetsgesetz annoncéiert, deemno kënnen an Zukunft separatistesch Aktivitéiten an “Terroristen”, déi géint China ginn, bestrooft ginn. Et gëtt gefaart, datt dës Reform fir méi Repressiounen suerge géif an déi hallef Autonomie vun Hongkong a Gefor brénge géif.
Vill Tensiounen ronderëm d’Commemoratioun vum Tiananmen-Massaker