Venedeg huet eng Kulturgeschicht, déi zanter Joerhonnerte Kënschtler a Kreativer aus der ganzer Welt unzitt. An och dëst Joer huet Venedeg nees e grousse kulturelle Programm: Zanter Mee leeft déi 61. Editioun vun der Konschtbiennal an och Lëtzebuerg ass erëm mat engem eegene Pavillon vertrueden. Mat hirem Wierk "La Merde" weist d'Kënschtlerin Aline Bouvy e Wierk, dat sech mat mënschleche Bedierfnesser auserneesetzt, déi nach ëmmer tabuiséiert ginn.
Eng Insel weider, bei Homo Faber steet dogéint d'Konschthandwierk am Mëttelpunkt: traditionellt Kënnen, modern Kreativitéit a 27 Lëtzebuerger Talenter, déi dëst alles matbréngen. An och um Filmfestival vu Venedeg war Lëtzebuerg mat zwee Co-Produzenten dobäi.