
Recherche vum däitsche Sender RBB no sollen aktuell ronn 142 Ermëttlunge géint Automobilisten oder Passante lafen. Eleng 99 vun de Verfare lafen zu Berlin.
An de meeschte Fäll geet et ëm Kierperverletzung, awer och Beleidegungen a Menacen. 70 Enquête lafen aktuell nach. An engem Fall geet et ëm eng Persoun, déi um Berliner Hermannplatz probéiert huet, d’Hand vun engem Aktivist mat Feier unzefänken. Am zweete Fall hat een eng Aktivistin vun der Strooss gerappt, obwuel déi schonn ugepecht war.
De Berliner Parquet préift den Infoe vum RBB no an alle Fäll, ob déi gewalttäteg Iwwergrëff op d’Membere vun der “Letzten Generation” kënnen als Noutwier agestuuft ginn. Da wieren d’Iwwergrëff och net als Strofdot ze bewäerten. Bis ewell war dat awer a kenger Enquête, déi ofgeschloss gouf, de Fall.