
Zanterhier goufen och hei eng Rei vun drastesche Mesurë geholl, fir d’Ausbreedung vun der Pandemie ze stoppen. 3.223 Infizéierter, 20 Doudeger - sou gesäit di aktuell Bilanz vu Covid 19 zu Berlin aus.
Et gëtt nieft den Infizéierten an den Doudegen awer och eng gutt Noriicht: schonn iwwer 1.000 Patiente sinn erëm gesond. Iwwerstanen ass d’Corona-Kris dowéinst awer nach laang net.
Zanter knapp 3 Wochen ass d’ëffentlecht Liewen zu Berlin staark ageschränkt. Ënnert anerem Schoulen, Crèchen, Unien, Restauranten an de Gros vun de Geschäfter bleiwe bis op d’mannst den 19. Abrëll nach zou. Mat der sougenannter “Kontaktsperre”, déi fir ganz Däitschland gëllt, sinn d’Mesuren zousätzlech verstäerkt ginn. Gruppe vu méi wéi zwou Persounen, déi net am selwechte Stot liewen, dierfe sech net treffen.
De Gros vun de Berliner hält sech disziplinéiert un di nei Reegelen. Ëmmer méi Leit hunn an der Ëffentlechkeet e Mondschutz un. Hei an do kënnt et awer nach zu Verstéiss. D’Policegewerkschaft fuerdert dowéinst, dass Parken an ëffentlech Plaze fir de Public zougemaach ginn.
E Mëttwoch gouf am Senat iwwert een neien “Bußgeldkatalog” ofgestëmmt. Wien géint d’Reegele vun der sozialer Isolatioun verstéisst, muss mat Strofe bis zu 10.000€ rechnen.
Hei zu Berlin ginn et mëttlerweil 8 Plazen, wou potentiell Covid-Patienten sech kënnen teste loossen. Bis Enn Abrëll sinn bis zu 10.000 Tester den Dag geplangt. Och d’Zuel vu Better mat Beootmungsmaschinne soll bis Enn Abrëll verduebelt ginn.
An de Berliner Foireshale gëtt den Ament en Urgencen-Spidol mat 1.000 zousätzleche Better gebaut. D’Stad Berlin investéiert hei 50 bis 100 Milliounen Euro. Dës Corona-Klinik soll dann an e puer Woche fäerdeg sinn.
De Buergermeeschter Michael Müller huet en Donneschden annoncéiert, dass de Gesondheetssystem den Ament nach gutt mam Tempo vun der Pandemie kéint mathalen. “Iwwert de Bierg si mer awer nach laang net” sou den Müller weider.
