Dem Time Magazine noBis zu 30.000 Doudeger bei Protester am Iran

RTL Lëtzebuerg
De Magasinn berifft sech op zwee héichrangeg Beamte vum iraneschen Gesondheetsministère. Och NGOe schwätze vun änleche Chifferen.
Keen Internet am Iran
Keen Internet am Iran
© ANDREA RONCHINI/NurPhoto via AFP

D’Internetspär am Iran mécht et immens schwéier, fir dat geneet Ausmooss vun der Gewalt an de leschte Wochen z’iwwerpréiwen. Den amerikaneschen Time Magazine nennt d’Zuel vu bis zu 30.000 Persounen, déi eleng an Zäit vun zwee Deeg, am Kader vun de Protester géint de Regimm am Land, ëmbruecht gi wieren.

De Magasinn berifft sech op zwee héichrangeg Beamte vum iraneschen Gesondheetsministère. Deemno sollen den 8. an den 9. Januar sou vill Mënsche vun den iranesche Sécherheetsunitéiten ëmbruecht gi sinn, datt d’Autoritéiten iwwerfuerdert gewiescht wieren fir déi vill Leit aus dem Wee ze raumen. Och d’NGO Iran Human Rights hat vun engem änlech héije Chiffer geschwat.

Trotz der Spär sinn an de leschten Deeg ëmmer méi Biller an den internationale Medien ze gesinn, déi weisen, mat wéi enger Brutalitéit op d’Manifestanten ageschloe ginn ass. Biller, op deene Chaos, grouss Mënschemassen, Bluttspueren, Läichen a Feier ze gesi sinn. Am Laf vum Sonndeg soll den Internet dann erëm landeswäit a Betrib geholl ginn, heescht et iwwerdeems aus dem Iran.

Back to Top
CIM LOGO