Post-CoronakrisBlack Rock rechent mat enger ganz anerer Welt no der Kris

RTL Lëtzebuerg
D’Aart a Weis, wéi d’Ekonomie funktionéiert, wier a Fro gestallt, mengt de Boss vum der gréisster Investmentgesellschaft op der Welt.

No der Corona-Kris wäert d’Welt eng aner sinn. Dem Boss vu Black Rock, dem gréisste Gestionnaire vu Verméigen op der Welt, wäerten de Business, de Konsum an d’Psychologie vun den Investisseuren änneren. A mir wäerten méi ofhängeg gi vun onse Familljen a vun deenen anere sinn wéi virdrun.

An engem Bréif un d’Investisseuren schreift de Larry Fink, hien hätt an de 44 Joer, wou hien an der Finanz schafft, nach ni esou eng Kris erlieft wéi elo. Senger Meenung no wäerten net nëmmen d’Finanzmäert an de Wirtschaftswuesstem duerch d’Kris ënner Drock geroden. Villes, wat bis elo iwwert d’global Ekonomie ugeholl gouf, géing a Fro gestallt ginn.

De Larry Fink nennt do „eis Léift fir pünktlech Liwwerungsketten“ oder nach „eis Ofhängegkeet vum Fluchtransport“. Och d’Aart a Weis, wéi geschafft gëtt, akaf gëtt, gereest gëtt a sech versammelt gëtt, géingen déifgrënneg a Fro gestallt ginn.

Och wann d’Ekonomie sech dem Black-Rock-Boss no relativ séier géing erhuelen, misst grad elo laangfristeg iwwerluecht a gehandelt ginn. Hie seet virun allem, de Klimawandel géing déi global Wirtschaft impaktéieren. Trotz ville gudde Virsätz am ekologeschen a soziale Beräich erënnert de Larry Fink awer un d’Grondzil vu Black RocK: laangfristege Wuesstem fir hir Clienten.

Black Rock geréiert méi wéi 7.000 Milliarden US-Dollar. D’Cliente vun der gréisster Investmentgesellschaft op der Welt sinn haaptsächlech Institutiounen.

Reegelméisseg gëtt d’Firma vun ONGe kritiséiert. Enn Mäerz huet Black Rock 50 Milliounen Dollar fir d’Lutte géint de Coronavirus gespent.

Back to Top
CIM LOGO