Hefteg KritikBrasilianesche President war bei Demo géint Corona-Mesuren dobäi

RTL Lëtzebuerg
Op der Demonstratioun gouf ënner anerem gefuerdert, datt d'Militär misst agräifen an d'Parlament zoumaachen.

Et wier ze bekloen, datt de President sech esou enger antidemokratescher Beweegung uschléisst” huet dem Bolsonaro säi Virgänger Fernando Henrique Cardoso getwitter.

De 600 Leit, déi sech virum Haaptsëtz vun der brasilianescher Arméi zu Brasilia versammelt haten, huet den aktuelle President geroden, datt si fir hiert Land misste kämpfen. Weider huet hie wësse gedoen, datt hie sech fir d’Demokratie an d’Fräiheet am Land wéilt asetzen. Zu der Interventioun vum Militär huet hie sech net geäussert. Un d’Mesurë géint de Coronavirus, déi vun de regionalen a kommunalen Autoritéite decidéiert goufen, hunn d’Leit sech net gehalen.

De rietsradikale brasilianesche Staatschef war an der Corona-Kris scho méi dacks negativ opgefall. Esou huet hien de Virus als “kleng Gripp” bezeechent an d’Mesuren op der ganzer Welt wiere fir hie just eng Hysterie. E brasilianescht Geriicht hat doropshin decidéiert, datt hien offiziell näischt méi zum Virus dierft soen, wat sech net op medezinesch Fakte géif baséieren.

© AFP

En Donneschdeg huet de President säi Gesondheetsminister entlooss, well béid zanter Woche mateneen iwwert d’Mesurë géint de Coronavirus gestridden hunn. De Luiz Henrique Mandetta wollt méi strikt Corona-Oplagen duerchsetzen.

Ronn zwee Drëttel vun der Populatioun si mat den aktuellen Ausgangsspären averstanen, esou eng Ëmfro, déi de Weekend publizéiert goufen. D’Leit haten och géint d’Entloosse vum Minister Mandetta demonstréiert.

Fir vill Leit ass et awer erschreckend, datt de Bolsonaro sech Leit uschléisst, déi eng Militärherrschaft nees wëllen. Eng Diktatur vum Militär gouf et am Land tëscht 1964 an 1985, woubäi vill Leit, déi net domadder d’Accord waren, gefoltert an ëmbruecht goufen. De Bolsonaro gëllt als e grousse Bewonnerer vun dëser Diktatur.

Brasilien huet aktuell déi héchsten Zuele vun Infizéierten a ganz Latäinamerika. Iwwer 38.000 Fäll goufen de Weekend gemellt, dobäi si scho méi wéi 2.400 Leit ëmkomm.

Back to Top
CIM LOGO