USABundesstaat Missouri freet Entschiedegunge vu China wéinst Coronavirus

RTL Lëtzebuerg
Den amerikanesche Bundesstaat Missouri huet eng Plainte géint China gemaach wéinst der Pandemie vum Coronavirus.

Wéi et am Schreiwes heescht, géif de Bundesstaat d’Land fir d’Doudesfäll an déi wirtschaftlech Aboussen am Missouri responsabel maachen an dofir Entschiedegungen fuerderen. Am Missouri si bis ewell 6.000 Infektiounen registréiert ginn, 220 Persoune sinn um Covid-19 gestuerwen.

Allerdéngs huet d’Plainte wéineg Chancen duerchzekommen, well China ee souveräne Staat ass, an esou geschützt ass.

Back to Top
CIM LOGO