
Caféen a Restaurante ginn zougemaach, an däerfe just nach Take Awaye maachen. Tëscht owes 20 Auer a moies 7 däerf keen Alkohol méi verkaf ginn an den ëffentlechen Konsum dovunner an och vu Cannabis ass och verbueden. Am ëffentleche Raum gëllt d’Maskeflicht.
Et däerf ee just nach 3 Leit bei sech doheem empfänken an Ekippe-Sport fir Erwuessener gëtt och ausgesat. Ëffentlech Verkéiersmëttel wéi Bus a Bunn sollen nëmmen an dréngende Fäll genotzt ginn.
Dat ganzt spillt vun den e Mëttwoch den Owend un a mol fir zwou Wochen.
Méi streng sinn, wier deen eenzege Wee d’Pandemie an de Grëff ze kréie sot de Rutte. Holland hat jo méintelaang eng manner streng Corona-Politik bedriwwen, wat elo also komplett revidéiert gëtt.
