
Weder den Ënnergang vun der Sowjetunioun, nach d’Ueleg- oder Finanzkris aus de leschte 50 Joer hunn esou en Impakt gehat. Et wier een am Institut och net iwwerrascht, wann d’Wäerter am Laf vum Joer souguer iwwer 5% géifen erofgoen.
Déi leschte Kéier sinn d’Wäerter wärend der Finanzkris am Joer 2008 erofgaangen, dat awer nëmmen ëm 1,4%.
Greenpeace reagéiert op Klima- an Ëmweltplang
Greenpeace Lëtzebuerg fuerdert dann, dass genee sou en Asaz misst gewise ginn, fir den CO2-Ausstouss ze miniméieren, wéi dat am Kamp géint d’Corona-Kris bis ewell gemaach gouf.
Eng entspriechend ausféierlech Stellungnam fënnt een hei.