IwwerbréckungsprêtCondor krut Hëllef vum däitsche Staat accordéiert

RTL Lëtzebuerg
Den däitsche Staat huet der Fluchgesellschaft Condor, déi zum faillite Grupp Thomas Cook gehéiert, en Iwwerbréckungsprêt vun 380 Milliounen € zougesprach.

Dat huet de Bundeswirtschaftsminister Peter Altmaier en Dënschdeg den Owend confirméiert. Domadder kéinten dausenden Aarbechtsplazen erhale ginn.

Als Bierg fir de Prêt , deen iwwer 6 Méint leeft, stinn den däitsche Staat an d’Bundesland Hessen. D’EU-Kommissioun muss nach gréng Luucht ginn.

Nom britesche Mammekonzern huet och elo déi däitsch Thomas Cook Insolvenz deklaréiert. Et hätt ee keen anere Choix gehat. Thomas Cook Däitschland wëll awer nees op d’Bee kommen a sech vun de Britte léisen.

Back to Top
CIM LOGO