FrankräichConfinement bis den 11. Mee verlängert

RTL Lëtzebuerg
Wann d'Leit sech weider responsabel verhalen, da kéinten nom 11. Mee Schoulen a Spillschoulen an Etappen nees opgoen.

Dat huet de franséische President Macron e Sonndeg an enger Telesried annoncéiert.

Universitéiten awer net virum Summer, sou de Macron. Och Restauranten, Caféen an Hoteller mussen zoubleiwen a chronesch Kranker an eeler Leit doheembleiwen.

Vum 11. Mee un, hätt een och genuch Moyenen, fir all d’Leit op Covid19 ze testen.

A Frankräich si bis ewell eng 15.000 Mënschen um Corona-Virus gestuerwen. 138.000 Infektiounen goufe confirméiert.

Quasi all d’Fransousen, déi virum Fernsee souzen, hunn d’Ried vun hirem President Emmanuel Macron op der franséischer Chaîne mat suivéiert. 11 Televisiounschaînen haten déi 4. Deklaratioun vum Staatschef diffuséiert. 36.7 Millioune Spectateuren hunn déi gesinn, dat ass eng part d’audiance vu 94.4 Prozent.

Back to Top
CIM LOGO