ItalienConte bestätegt Verlängerung vu Restriktiounen

RTL Lëtzebuerg
Italien verlängert de Confinement vu senge ronn 60 Millioune Bierger ëm weider dräi Wochen, bis den 3. Mee.

Dat huet de Ministerpresident Conte e Freideg zu Roum annoncéiert. Bis ewell sinn an Italien scho bal 19.000 Leit un enger Infektioun mam Coronavirus gestuerwen.

De Conte huet iwwerdeems och méi Ënnerstëtzung vu sengen europäeschen Homologe gefuerdert. Dës hate jo e Freideg e Konjunkturprogramm a Milliardenhéicht decidéiert. Gemeinsam europäesch Schold ophuelen, duerch sougenannt Coronabonds, ass bis ewell net virgesinn.

Back to Top
CIM LOGO