
Der Weltgesondheetsorganisatioun no sinn och vill Mënschen un anere Krankheeten oder Blessure gestuerwen, well se wéinst enger Iwwerlaaschtung vum Gesondheetssystem net séier genuch behandelt konnte ginn. D’WHO baséiert d’Estimatiounen op déi sougenannten Iwwerstierflechkeet, déi d’Zuel vun den erfaassten Doudesfäll an engem Joer mat der duerchschnëttlecher Stierflechkeet an de Jore virdru vergläicht.
Un oder mat Corona si weltwäit 6,2 Millioune Leit verscheet.