Nei EtüdCoronavire solle bis zu 28 Deeg op glaten Uewerflächen iwwerliewen

RTL Lëtzebuerg
Aus enger Etüd, déi am "Virology Journal" verëffentlecht gouf, geet ervir, dass Coronavire méi laang wéi Grippeviren iwwerliewe géingen.

Wéi et vum australesche Fuerschungsinstitut CSIRO heescht, kéint de Covid-19-Erreger bei 20 Grad bis zu 28 Deeg op Geldschäiner, Handyen oder Glas ustiechend bleiwen. De Grippen-Erreeger Influenza-A iwwerlieft ënnert de selwechte Konditiounen am Verglach just 17 Deeg.

Klëmmt d’Temperatur op 30 Grad, dann iwwerlieft de SARS-CoV-2 just nach 7 Deeg, bei 40 Grad esouguer just nach 24 Stonnen. De Fuerscher no wier d’Iwwerliewensdauer op porösen Uewerfläche wéi Kotteng generell méi niddreg. Duerchgefouert gouf d’Experiment am Donkelen, bei Sonneliicht géingen d’Vire méi séier verschwannen.

Den CSIRO-Direkter warnt op Grondlag vun dëse Resultater virun der Infektiounsgefor, déi vu Géigestänn wéi Handyen ausgeet. Wien e Smartphone an de Grapp hëlt an duerno u senge Fanger leckt oder sech an d’Nues oder d’A fiert, ka sech deemno nach no 2 Woche mam Coronavirus ustiechen.

Bei fréiere Studie konnt de Virus just bis zu 3 Deeg op Konschtstoff oder Inox nogewise ginn.

Back to Top
CIM LOGO