Bei GrenzkontrollenDäitsch Police konnt 2 Persoune stoppen, déi vu Justiz gesicht goufen

RTL Lëtzebuerg
E Mann vun 20 Joer gouf wéinst schwéierem Déifstall gesicht. Géint e Mann aus der Belsch louch e Fuerverbuet vir.

Op der A64 kontrolléiert d’Bundespolice déi Automobilisten, déi aus Lëtzebuerg a Richtung Däitschland ënnerwee sinn. Dobäi ass hinnen en 20 Joer ale Mann an d’Netz gaangen, dee wéinst engem schwéieren Déifstall vum Parquet vu Bad Kreuznach gesicht gouf. De Mann gouf verhaft a koum an de Prisong op Wittlich.

Dann ass hinnen e Belsch, dee mat engem Lëtzebuerger Führerschäin ënnerwee war, opgefall. Géint de Mann louch aus Speyer e Fuerverbuet vir. Hie gouf zwar net verhaft, ma e Bekannten huet hie misste mathuelen, fueren duerft hie selwer net méi.

Da gouf eng Camionnette gestoppt, bei där 2 verschidde Autosplacke fonnt goufen. Eng dovunner gouf vun der Police vu Bad Ems gesicht. Den 22 Joer ale Fransous konnt d’Situatioun awer erklären, hien hätt seng Placken erëmfonnt, dëst awer vergiess, den Autoritéite matzedeelen. Nodeem dëst alles iwwerpréift war, konnt de Mann nees weiderfueren.

Back to Top
CIM LOGO