
D’Klamme vun den Infektioune géif sech liicht offlaachen huet et weider en Donneschdeg de Mëtteg geheescht. D’Courbe selwer géif net méi exponentiell, linear klammen, wat eng däitlech Verbesserung um statistesche Plang ass.
D’Angela Merkel warnt awer och direkt fir elo “liichtsënneg” ze ginn, et kéint ee ganz séier elo zerstéieren, wat ee bis elo erreecht huet. Dowéinst misst een elo konzentréiert an disziplinéiert bleiwen an huet nees un d’Abstandsreegel erënnert.
D’Angela Merkel ënnersträicht, dass och wann d’Restriktioune méi labber iergendwann gemaach géife ginn, dass dann nach ëmmer am Kapp behale muss ginn, dass d’Gesellschaft weider an der Pandemie géife liewen, also misste mam Virus zesummeliewen. Dat esou laang, bis en Impfstoff géint de Virus fonnt gouf.
