Angela MerkelDäitschland beweegt sech op dënnstem Äis

RTL Lëtzebuerg
Déi däitsch Kanzlerin huet d'Bundeslänner kritiséiert, et wier ze fréi, fir verschidde Restriktiounen opzehiewen.

Si wëll net ze vill Hoffnungen maachen. D’Bundeskanzlerin Angela Merkel huet de Moien hir Regierungsdeklaratioun gehale, an do erkläert, datt d’Zuelen vun de Corona-Infektiounen an deene Leit, déi geheelt goufen, hoffe loossen, mee dësen Tëschebilan wier zerbriechlech. Mir géifen eis op dënnem Äis beweegen. D’Bundeskanzlerin huet dann och dat deelweist Ophiewe vun de strengen Consignen a verschidde Bundeslänner als ze séier beschriwwen, dat géif hir Suerge maachen.

D’Angela Merkel huet um Donneschdeg de Moien och betount, bereet ze sinn, d’Bäiträg fir den europäesche Budget an d’Luucht ze setzen, iwwert eng begrenzten Zäit.

Back to Top
CIM LOGO