
Gutt eng Woch no den Attacken op Pëtrolslager a Saudi-Arabien, hunn déi däitsch Kanzlerin Merkel, de britesche Premier Johnson, an de franséische President Macron, an enger gemeinsamer Erklärung, den Iran derfir responsabel gemaach.
Et géif keng aner plausibel Explikatioune ginn, heescht et vun deenen 3, déi den Iran viru weidere Provokatiounen gewarnt hunn.
Am Virfeld haten d’USA an Saudi-Arabien selwer jo Teheran scho responsabel gemaach.
An der Erklärung vu Merkel, Johnson a Macron heescht et och, dass d’Attacken zwar géint d’Saudië geriicht waren, mä se hätten alleguer d’Staate concernéiert, a se hätten virun allem de Risk vun engem schwéiere Konflikt an der Regioun massiv verschäerft.