
An enger Partie europäesche Länner goufen d’Moossname scho gelackert; deemnächst wäert et an eisem Nopeschland dann och sou wäit sinn. An engem 3-Stufe-Plang wäerten déi meescht Corona-Reegele bis den 20. Mäerz opgehuewe ginn. Et kéint een nees zouversiichtlech no vir kucken, huet den däitsche Bundeskanzler an deem Kontext betount. “Iergendwéi hu mir et no deenen zwee laange Jore verdéngt, dass et nees iergendwéi besser gëtt - an et gesäit e bëssen duerno aus, wéi wa mir genau dat virun eis hätten”, sot den Olaf Scholz.
An engem éischte Schrëtt sollen d’Kontaktlimitatioune fir Leit, déi geimpft oder geheelt sinn, am Privaten ewechfalen. Bis op d’Maskeflicht ginn d’Restriktiounen am Eenzelhandel opgehuewen. Dësen éischte Schrëtt soll an den nächsten Deeg vun de Bundeslänner ëmgesat ginn.
Vum 4. Mäerz u gëllt nees 3G an den Hoteller an an der Gastronomie. Diskothéiken dierfen ënnert dem 2Gplus-Regime nees opmaachen.
An engem drëtte Schrëtt trieden déi restriktiivst Mesuren nom 20. Mäerz ausser Kraaft. Verschidden “Basisschutzmoossnamen” sollen awer nach no dësem Stéchdatum gëllen. Dat betrëfft zum Beispill d’Maskeflicht am ëffentlechen Transport oder bannen an ëffentlechen Ariichtungen. Fir dës Reegelung muss de Bundestag awer nach eng gesetzlech Grondlag schafen.
Donieft war et nach emol den Appell vum SPD-Politiker Scholz un d’Bierger a Biergerinnen, sech impfen ze loossen. An deem Zesummenhang huet hie sech nach emol fir d’Aféiere vun enger allgemenger Impfflicht ausgeschwat.