
No der Annonce datt d'Susie Wiles als Chef de Cabinet am Wäissen Haus duerch den Hardliner Stephen Miller ersat gëtt, soll dann elo och en neie Pressespriecher fonnt gi sinn. Den Dana White, President vun der US-amerikanescher MMA-Organisatioun, UFC, hätt de Posten ugebuede kritt. Dat huet den US-President Trump e Samschdeg iwwer déi Soziale Medien matgedeelt.
Den Dana White selwer huet sech nach net offiziell geäussert, dofir awer ee warscheinlech KI generéiert Bild vu sech am Pressesall am Wäissen Haus op Instagram gepost. D'US-Regierung huet zanter bal engem Mount kee Pressespriecher méi. D'Katie Zacharia hat ee ganz kuerzen Optrëtt als Pressespriecherin. No fënnef Deeg war Schluss.