No Réckruff vu PuppelchersmëllechMéi méi streng Oplage fir Liewensmëttel an der EU

RTL Lëtzebuerg
Ufank dës Joers hu jo a ronn 60 Länner Produite missen zréck geruff ginn.
Passt op, wat an d'Fläsch kënnt
Passt op, wat an d'Fläsch kënnt
© RICCARDO MILANI/Hans Lucas via AFP

Nodeems Mëllech fir Bëbeeën an der EU huet missen zréck geruff ginn, huet d'europäesch Kommissioun elo méi streng Oplage fir Liewensmëttel decidéiert.

Wéi et vun der Kommissioun zu Bréissel heescht, musse Puppelchersmëllech, Mëllechpolver a medezinesch Liewensmëttel fir Puppelcher an Zukunft ëmmer op de Gëftstoff Cereulid getest ginn.

Ufank dës Joers hunn a ronn 60 Länner Produiten missen zréck geruff ginn, déi genee domat kontaminéiert waren. Eng ganz Partie Kanner goufen och effektiv krank.

Back to Top
CIM LOGO