
Paraguay huet zanter e Freideg en neie President. Den, bis elo, Vizepresident Pedro Alliana iwwerhëlt de Posten, dat matten an enger Finanz-a Regierungskris am südamerikanesche Land, déi duerch d'Faillite vun enger Digitalbank ausgeléist gouf.
Säi Virgänger Santiago Peña gouf e Freideg ofgesat a steet ënner Hausarrest. Hien hat schonn en Donneschdeg säi Récktrëtt ugebueden, wat awer net ugeholl gouf.
De Santiago Peña ass an de leschten Deeg ëmmer méi ënner Drock geroden am Zesummenhang mat der Faillite vun der Digitalbank Ueno. Dat ënnert anerem wéinst dem Verdacht op Verontreiung a Mëssbrauch vu sengem Amt.
De Parquet huet och d'Festnam vum fréiere Chef vun der Zentralbank Carlos Carvallo ordonéiert.