Venezuela: Wéi geet et weider?D'Delcy Rodriguez iwwerhëlt d'Presidence elo am Interim, Arméi stellt sech hannert si

Céline Eischen
Si huet d'Fräiloossung vum Maduro gefuerdert an ugekënnegt, Venezuela wier bereet sech ze verdeedegen.
Venezuela: Den Dag duerno
Wéi vill Zaldoten an Zivilisten bei dësem Ugrëff ëm d’Liewen komm sinn oder blesséiert goufen ass nach ëmmer onkloer.

D’Arméi vu Venezuela stellt sech hannert d’Vizepresidentin Delcy Rodriguez. Dat huet den Defenseminister Vladimir Padrino matgedeelt. D’Rodriguez mécht no der Festnam vum President Maduro op Uerder vum Ieweschte Geriicht jo den Interim am Venezuela.

Den Defenseminister huet och präziséiert, dass dem Maduro seng Garde-Corpsen bei der US-amerikanescher Militäroperatioun quasi all ëm d’Liewe koumen.

Den Trump huet präziséiert, d’USA géife keng Truppen am Venezuela stationéieren, wann d’Interimsregierung esou maache géif, wéi hie wëll. Weider sot hien, datt sech d’Delcy Rodriguez an engem Gespréich mam US-Ausseminister Rubio fir eng Kooperatioun bereet erkläert hätt. Si wier dem Trump no prett dat ze maachen, wat d’USA fir néideg géife halen, fir “Venezuela nees grouss ze maachen”. Op der anerer Säit huet den Trump awer och ugekënnegt, datt d’USA Venezuela géife leeden, fir ee sécheren Iwwergang ze erméiglechen.

Aner Téin koume méi spéit vun der Interimspresidentin selwer: An enger Tëlees-Usprooch hat déi 56 Joer al Juristin d’Fräiloossung vum Maduro gefuerdert an huet den USA virgehäit, d’Charta vun de Vereente Natiounen net ze respektéieren. De Maduro sëtzt jo den Ament an engem Prisong zu New York an him gi Verstéiss géint Drogen-a Waffegesetzer virgehäit. D’Delcy Rodriguez huet Widderstand géint d’USA ugekënnegt: Et wier ee bereet, Venezuela ze verdeedegen.

E Méindeg kënnt zu New York den UN-Sécherheetsrot fir eng Drénglechkeet-Sëtzung beieneen.

Den UN-Generalsekretär Guterres huet iwwerdeems erkläert, datt d’Militäroperatioun vun den USA, onofhängeg vun der Lag a Venezuela, ee geféierleche Prezedenzfall géif schafen.

Den US-Ausseminister Marco Rubio sot um Sonndeg, d’US-Aktioun wier kee Krich géint Venezuela. D’USA wëlle weider Drockmëttele behalen, brauche keng Zoustëmmung vum Kongress a erkennen de venezuelanesche Regimm net als legitim un. D’Haaptprioritéit bleift no senge Wierder d’Interessie vun den USA

Angscht a Roserei a Venezuela

Iwwerdeems Honnerte Leit op d’Stroosse gaange sinn a fir d’Fräiloossung vun hirem President demonstréiert hunn, ass et anerwäerts éischter e Gefill vun Angscht, dat sech breet mécht. Et si kaum Leit ënnerwee zu Caracas, wärend et an anere Stied am Land zu laange Schlaange virun den Supermarchéë kënnt, respektiv de Pompelstatiounen. D’Leit fäerten, dass et zu Enkpäss bei de Liwwerunge kéint kommen, sief et bei Liewensmëttel oder och bei Sprit. Stonnelaang waarde se, fir an d’Butteker gelooss ze ginn.

Stonnelaang waarden d'Leit a Schlaange virun de Supermarchéen.
Stonnelaang waarden d’Leit a Schlaange virun de Supermarchéen.

Arrivée vum Maduro an den USA

D’Wäisst Haut huet an der Nuecht op e Sonndeg iwwerdeems e Video verëffentlecht, wéi den Nicolas Maduro an Handschellen zu Brooklyn an engem Prisong ukomm ass, begleet vu Beamte vun der Drogepolice DEA. Um Méindeg huet de Präsident säin éischte Rendez-vous viru Geriicht zu Manhattan. Ënnert anerem gëtt him Narco-Terrorismus, also Handel mat Drogen, virgeworf.

E Samschdeg den Owend Lokalzäit ass de Maduro zu New York ukomm.
Hie gouf an de Metropolitan Detention Center (MDC) zu Brooklyn bruecht.

Muechtvakuum: Wéi geet et weider?

Sécherheetsexperten warnen awer, datt ouni militäresch Presenz Washington wéineg Drockmëttel wäert hunn, falls di nei Regierung net esou handelt, wéi Amerika dat verlaangt. Eng reell Gefor ass och, datt ausserhalb vu Caracas Milizen, Gangs a Karteller de Muechtvakuum kéinten notzen, fir Kontroll vun eenzele Regiounen ze iwwerhuelen.

International falen d’Reaktiounen ganz ënnerschiddlech aus. Chile huet den US-Ugrëff verurteelt a warnt viru geféierleche Präzedenzfäll. China schwätzt vu Verstéiss géint d’internationaalt Recht an fuerdert, datt den Maduro direkt nees fräi gelooss gëtt. Vill Europäesch Länner reagéiere méi zréckhalend a fuerderen eng Deseskalatioun an Neiwalen.

Weltwäit koum et zu Protester géint d’US-Militär-Operatioun. Zu New York hunn Mënschen um Times Square manifestéiert an och zu Paräis sinn d’Leit um Samschdeg schonn op d’Strooss gaangen. Vill Exil-Venezuelaner déi wéinst dem autoritären Regimm d’Land verlooss hunn, feieren dogéint d’Festnam vum Präsident Maduro.

© KENA BETANCUR/AFP

Amerikanesch Firme sollen Ueleg-Infrastruktur am Venezuela nees opbauen

Vum Donald Trump war et och d’Ukënnegung, dass amerikanesch Uelegfirmen a Venezuela aktiv solle ginn. Si géife Milliarden un US-Dollar an dat südamerikanescht Land investéieren, fir d’Infrastruktur nees opzebauen. D’Ueleggeschäft soll nees relancéiert ginn. Den Ueleg-Embargo géint Venezuela géif awer virleefeg mol nach bestoe bleiwen. E Partenariat mat den USA géif Venezuela räich, onofhängeg a sécher maachen, esou den Trump.

Amerikanesch Firme sollen Ueleg-Infrastruktur am Venezuela nees opbauen
E Partenariat mat den USA géif Venezuela räich, onofhängeg a sécher maachen, esou den Trump.


Weider Artikelen zum Thema

Back to Top
CIM LOGO